· 

Reckener Equippen iwwerzeegen op ganzer Linn



Leschten Samschden hunn keng eenzeg Reckener Seniorsequippe verluer. Ervirhiewen wëllen mir dëst Kéier 2 Equippen, déi iwwert sech erausgewuess sinn, Recken 1 an Recken 3.

 

Recken 1 huet iwwerraschender Weis 6-4 géint Hueschtert/Folscht gewonn, an konnt domadder hir éischt Victoire vun der Saison féieren. Besonnesch ervirzehiewen ass t'Leeschtung vum Martin Bratanov, deen 2 Simplen konnt géint Jansens an Stordeur wannen. Den Joao Aguiar an den Louis Gira woussten och allenbeid mat enger Victoire iwwert den jonken Piquard Loic ze iwwerzeegen. Nodeems et dunn 4-4 stoung, hunn déi Reckener déi 2 Doubelen fir sech entscheet an konnten hir éischt Victoire féieren.

 

Recken 3 konnt sech mam nämmlechten Resultat géint Biekrech 2 duerchsetzen. Ervirzehiewen ass den Match vum Yves Habscheid (B3), deen géint een B2 gewonnen huet. Des Weideren hunn am hënneschten Paarkreuz den Portelada Sean an Marc Arendt, alias Professor een kloren Kapp behal an een souveränen 4-0 gemaach. Fir Recken 3 woren dat leschten Samschden immense wichteg Punkten.

 


Resultater :

Hueschtert/Folschette 1 – Recken 1   4 - 6                                                                                                                                 
Recken 2 – Eischen 1     9 - 1
Recken 3 – Biekerech 2       6 - 4
Recken 4 – Biekerech 4       10 - 0
Recken 5 – Biekerech 6    10 - 0
Recken 6 wënnt Forfait   10 -0
Recken 7 wënnt Forfait   10 - 0
Recken 8 – Wëntger 5     5 - 5
 
   

Mir hoffen, dass eis Equippen dësen Samschden och erëm kennen iwwerzeegen. Jidderengem bonne Chance gewënscht !!!


Kommentar schreiben

Kommentare: 0