· 

Erfollegräich Leeschtungen op Tournoi'en


Déi lescht Woch hunn eng Réi Reckener Jugendspiller un verschiddenen Tournoien deelgeholl an richteg erfollegräich gespillt.

De Joé noom Houwalder Tournoi
De Joé noom Houwalder Tournoi

Jugendturnéier vum DT Noumer :

Moies hunn 2 Equippen vum DT Recken an 2 verschiddenen Kategorien deelgeholl an sech guer net schlecht geschloe :

Equipe Pierre Emile an Sam Habscheid hunn an der Kategorie C3 eng exzellenter 3 Plaz beluecht.

Equipe Joé Gansen an Lenn Kraus hunn an der Kategorie D2 eng gutt 2 Plaz gemaach.

Mëttes wor dunn den Eenzel um Programm :

Kategorie D1 gouf vun den Reckener Nowuessspiller dominéiert, déi éischt 3 Plazen sinn op Recken gan :  1. Pierre Emile, 2. Habscheid Sam, 3. Nima Therani-Nekou.

An der Kategorie D2 huet den Joé Gansen eng 3. Plaz beluecht.

 

Seniorstournoi vum DT Feulen :

Den jonken Sam Habscheid huet staark gespillt an Konschtstéck fäerdeg bruecht, D1 ze gewannen. 

 

Jugendturnéier vum DT Howald :

Den Gansen Joé hat een excellenten Dag erwëscht an ass zweemol 3 ginn, am Eenzel an der Kategorie D2 an an der Equipe D2 mat sengem Partner vun Berbourg.



Internationalen Tournoi vun Namur

Den Gene Wantz, selektionéiert vun der Federatioun fir dësen internationalen Tournoi, huet secher super aus der Affär gezunn an huet et fäerdeg bruecht, sech fir den Haapttableau ze qualifizéieren. Hien gouf schlussendlech 9 vun 24 Spiller an der Préminimeskategorie.

Mir wëllen op dëser Plaz nach eng Kéier all eisen Jugendspiller fir hiren Asaz an hir gutt Leeschtungen gratuléieren !

Macht weider sou !!!

Flyer Internationaux Jeunes de Namur
Flyer Internationaux Jeunes de Namur

Kommentar schreiben

Kommentare: 0