
DEN DËSCHTENNIS RECKEN/MIERSCH
trauert ëm säi Spiller, Comitésmember a Frënd
Marc Arendt
Bei eis am Veräin waars Du den Professer Arendt, a wäers deen ëmmer an eisen Häerzer bleiwen. Mir kënnen et einfach net faassen. Du has ëmmer fir jiddereen an alles een oppent Ouer, waars bei alles derbäi, déi gutt Séil am Veräin. Mir soen Dir villmools Merci fir all déi schéi Joren, wäerten Dech ni vergiessen an ëmmer a gudder Erënnerung behalen. Du wäers bei alles am Veräin feelen, ouni Dech wäert et ni méi dat nämmlecht sinn.
Mat déifstem Matgefill fir d’Famill
Däi Veräin, den DT Recken
Kommentar schreiben