· 

Noruff Marc Arendt


Mir wäerten Dech ni vergiessen !

 

De 16. Dezember krute mir déi schrecklech Noriicht, dass Du, Marc Arendt, eis fir ëmmer verlooss hues. Vill ze fréi, no kuerzer, onbarmhäerzeger Krankheet bass Du vun eis gaangen. Däin Doud huet jidderee vun eis an en Zoustand vun déifster Trauer versat. Mir kënnen et nach ëmmer net gleewen !

Gebuer gouf de Marc de 6. November 1979 an der Stad Lëtzebuerg. No der Primärschoul zu Miersch, an de Lycéesjoren zu Dikrech am Kolléisch ass hien op Stroossbuerg gaang, fir Mathe ze studéieren. Säi Studium huet hie mat Bravour ofgeschloss. Ab deem Moment wor hie fir eis de Professer Arendt. No 3 Joer am Uelzechtlycée huet säi Wee en dunn op Réiden an de Lycée gefouert, wou hie bis zum Schluss en engagéierten, beléifte Mathesprofesser a Regent wor, dee Versteesdemech fir seng Schüler hat. Déi Gedold hat de Marc well vu Jonktem un. Jorelaang viru Chrëschtdag, huet hien als Kand, bei sech doheem déi schéinste Krëppche wäit a breet opgeriicht. A senger Fräizäit ass hie gäre fësche gaangen, an e wor e begeeschterte Formel 1Fan.

Mee besonnesch um Häerz louch dem Marc den Dëschtennis Recken. Hei krut hien 1990 seng Lizenz. Vun do un huet de Marc ni e Match verpasst, e wor en engagéierte Spiller, dee mat Häerz a Séil an all Situatioun fir säi Veräin do wor. Et kann ee soen, dass him déi Leidenschaft a Motivatioun fir den Dëschtennis Recken vu sengem Papp, dem Ed Arendt, jorelaangem Kapitän vun der éischter Equipe, an d‘Wéi geluecht ginn ass. Am Joer 2003 ass de Marc dunn an de Comité gewielt ginn, an en huet vum éischten Dag u seng Responsabilitéit iwwerholl. Duerch säin Éiergäiz a seng Gewëssenhaftegkeet huet de Marc an all deene Joren immens wäertvoll an onbezuelbar Aarbecht fir den Dëschtennis Recken an d‘Duerf Recken geleescht. Op de Marc wor Verlooss !

Hie wor et, dee fir 50 Joer DT Recken, mat Hëllef vun sengen ausgezeechenten informatesche Kenntnisser, de ganze Layout vum Festbuch gemaach huet. Hie wor och den Haaptmann, fir all Joer d‘Broschür fir eise Sylvesterturnéier op d‘Been ze stellen. Sou muench Stonnen a sengem Liewe souz de Marc virum Computer, an huet sech fir säi Reckener Dëschtennis de Kapp zerbrach. Bei all Organisatioun vum Reckener Dëschtennis wor hien ëmmer deen éischten do an dee leschten, deen owes heemgaangen ass.

Marc, mir vermëssen Däin oppent Ouer, Deng Gesellegkeet, Deng Hëllefsbereetschaft an Deng gutt Laun. De Reckener Dëschtennis wäert Dech éiweg a sengem Häerz droen, a mir wäerte versichen, de Veräin an Dengem Sënn weiderzeféieren.

 

Deng Frënn vum DT Recken

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0