· 

Um Préminimescriterium gouf Veräinsgeschicht geschriwwen !


Den 11. Mäerz huet zu Iechternach Finale vum Préminimescriterium stattfonnt. 2 Spiller (Wantz Gene an Habscheid Sam) an eng Spillerin (Portelada Mandy) vum DT Recken haten sech fir Finale qualifizéiert. Et sollt een Dag ginn, wou Veräinsgeschicht geschriwwe ginn ass. Allen dräi stoungen se no engem ustrengenden Dag um Podium. Gespillt gouf nom Modus " jidderee géint jidderee ".

 

Bei de Jonge koum et direkt den éischten Tour zum Duell Wantz Gene an Habscheid Sam. Den Gene konnt sech knapps 3-1 duerchsetzen. Hien sollt et och sinn, deen ee Parcours sans fautes hileet an de Préminimescriterium mat enger Bilanz vun 9-0 ofschléisst a soumat de Préminimescriterium wennt.

 

De jonke Sam Habscheid hat sech awer net vu senger Ufangsniederlag géint den Gene demotivéiere gelooss, mee am Contraire huet hien sech duerch den Dag gekämpft an hat owes eng Bilanz vu 7-2 Opweises. Hien ass mat der Bilanz op der 2 Plaz gelant.

Dat heescht, dass Plazen 1 an 2 op Recken ginn !!! Dat gouf et nach ni ! Super Jongen !!!

Bei de Meedercher wousst Mandy Portelada mat enger gudder kämpferescher Leeschtung ze iwwerzeegen an huet den Dag mat enger 7-2 Bilanz ofgeschloss. Mat dëser super Bilanz koum Mandy op eng gutt drëtter Plaz um Préminimescriterium. Super Mandy !!!

 

Mir als Veräin si mega stolz op eis Jugendspiller ! Woch fir Woch schaffe Si haart un sech an trainéiere serieux. Gratulatioun un den Gene, de Sam an Mandy !!! Weider sou !!!!



Hei t'Resultater am Iwwerbléck:

Download
Criterium PM 2018_re_sultats.pdf
Adobe Acrobat Dokument 102.7 KB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0