Um 5. Spilldag sinn erëm all eis Reckener Ekippen um Samschdeg zu Miersch an der Sportshal ugetrueden.
Bei de Seniorsequippen sinn d'Matcher folgendermoossen ausgaangen:
Recken 1 - Houwald 2 : 6-4
An engem ganz enken a staark ëmkämpfte Match mat vill Stëmmung an Emotioune konnt sech Recken ganz knapps 6-4 géint déi zweet Equipe vum Houwald duerchsetzen.
Recken 2 - Fiels-Haler 1 : 10-0
Recken 2 konnt sech wier erwaart géint d'Equip aus der Fiels duerch setzen an domat weider wichteg Punkte géint den Ofstig sammelen an ass elo an der Tabell am gudde Mëttelfeld.
Recken 3 - Miedernach 1: 7-3
Miedernach war geschwächt ugetrueden, mee trotzdeem hat Recken 3 tëschenduerch krempes sech kloer duerchzesetzen. Zum Gléck ass et herno du awer duergaange fir Platz un der Tabellespëtzt ze verdeedegen.
Recken 4 -Osper 1: 3-7
Recken 4 krut et mat Osper 1 mat engem direkte Géigner em den Opstig ze dinn. Leider konnt Recken déi 3 Bällen net fir sech entscheeden a verléiert ee Match, wou ee Gläichspill oder ee Gewënn och dra gewiescht wieren.
Recken 5 - Féngeg 3 : 3-7
Recken 5 hat een enke Match wou zemools eis jonk Spiller/innen iwwerzeege konnten an 3 vun hire Simplen gewanne konnten.
Recken 6 - Féngeg 5 : 2-8
Recken 6 konnt géint Féngeg 5 gutt starten, mee trotz guddem Gekämpfs ass et duerno net méi duergaange fir nach ee Match ze gewannen.
Recken 7 - Miedernach 4: 7-3
Recken 7 konnt sech wei erwaart géint d'Equipe vu Miedernach duerchsetzen.
Préizerdaul 6 - Recken 8: 8-2
Een schwéiere Stand hat Recken 8 déi hunn missen als eenzeg Equipe auswäerts spillen. De Philippe konnt awer 2 Eirenpunkte fir seng Equipe erkämpfen.
Recken 9 - Osper 5: 10-0
Ganz souverän huet sech eis lescht Equipe géint Osper 5 duerchgesat.
Bei de Cadetsequippen sinn d'Matcher folgendermoossen ausgaangen:
Recken 1 - Briddel 1 : 6-4
Recken 1 konnt och den zweetleschte Match vum 1. Tour gewannen. Domat kennt et bei hinnen nächst Woch zum Showdown géint Lëntgen 1 déi och nach kee Match verluer hunn.
Recken 2 - Éiter-Wald. 1 : 1-9
Ee Resultat, wat méi kloer ausgesäit, wei et wat. Ganz vill enk Matcher a leider huet iwwerall dat bësse Gléck op Reckener Säit gefeelt.
Recken 3 - Hueschtert-Folscht 1: 7-3
Um Pabeier méi schwaach konnt Recken 3 iwwert sech erauswuessen an dëse Match gewannen an d'Kanner konnte vill Plusse sammelen.
Recken 4 -Miedernach 1: 0-10
Recken war och hei um Pabeier méi schwaach, mee leider huet sech hei de Favorit kloer konnten duerchsetzen.
Recken 5 - Lëntgen 3 : 1-9
Bei Recken 5 war des Kéier mat ganz jonke Spiller besat. Fir 2 Spiller war et souguer hiren éischte Match.

Kommentar schreiben