· 

2 Tournoien, 5 Placéierungen - DT Bäerdref & DT Hautcharage


Bäerdref

Och um 3. Tournoisweekend waren erëm Spiller vum DT Recken um Start, a wei op den 3 Tournoie virdrun hunn si erëm konnten iwwerzeegen. Belount mat enger Placéierung hunn sech awer déi, déi bis elo nach op kengem Tournoi waren. Mam Virsaz: «Wann déi aner eppes gewanne kënnen, da kënne mir dat och!» sinn si un den Dësch gaangen.

 

Samschdes zu Bäerdref konnten de Lenn an de Finn Kraus weisen dass och des Saison mat der neier Kraus-Generatiounen ze rechnen ass. De Finn gouf 2. an der D3 an de Lenn gouf 3. an der D1. De Lenn ass souguer bis an d'¼ Final vun der C3 komm an huet do leider géint eng Géignerin verluer, wou en den Dag selwer nach an enger anerer Kategorie gewonnen huet.

 

Mëttes war et dunn um Sean Portelada fir sech seng éischt Placéierung fir des Saison ze sécheren. Nodeems en am Handicap vum Irfan Cekic gewise krut, wéi ee gutt Dëschtennis spillt, huet en sech déi 3. Platz an der B1 geséchert.

Domat hunn 3 vun de 6 Spiller vum DT Recken, déi ugetruede waren, eng Placéierung gemaach.


Hautcharage

Sonndes war dunn den Tournoi zu Hautcharage, wou den DT Recken nëmme mat engem Spiller vertruede war, an zwar dem Gene Wantz. Hien huet gewisen, dass ee Spiller duergeet fir net nëmmen eng, mee souguer zwou Placéierung ze huelen.

 

Am Open Handicap hat hie vill enk Matcher, mee bis an d'Final war hien net ze schloen a konnt domat eng excellent 2. Platz maachen! An senger Haaptkategorie, der B1, konnt hien dunn seng ganz Klass ënner Beweis stellen! An der ¼ Final huet sech him de Stephany Noah an de Wee gestallt. Deen war lescht Saison nach A3 an hat géint de Mike Kraus am Championnat gewonnen!

 

Och seng ½ Final konnt den Gene fir sech entscheeden éier sech him mam Schoetter Andy an der Final dee selwechte Géigner wéi am Open Handicap virun d'Nues gestallt huet.

D’Kiischt um Kuch mat enger Revanche sollt dem Gene leider net glécken, mee hie ka stolz op dës super Leeschtung sinn!

 


Nächste Weekend lee mir dann eng Tournoispaus an, well den DT Recken invitéiert wéi all Joer op hiren Eenelter Maart!

All d'Infos dozou fannt Dir héi!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0