· 

Éischt Ronn vum Kids- an Teenscup


Dëse Weekend ass et fir eis Jugend mat dem éischten Tour vum Kids- an Teenscup lass gaangen, wou den DTR 3, respektiv 2 Ekippen ugemellt hat.

Kidscup

Am Kidscup haten eis jéngste Spiller hiren Asaz. Recken 2 sinn no villen ëmkämpfte Matcher 3. an hirem Grupp ginn. Exzellent geschloen hunn sech do och d'Spiller vu Recken 3, déi sech ouni Matchverloscht déi 1. Platz konnten an hirer Grupp sécheren. Recken 1 huet am éischten Tour net missen untriede well sinn direkt scho fir den 2. Tour nächste Weekend qualifizéiert sinn.


Teenscup

Am Teenscup war Recken 1 an eng ganz staark Grupp geloust ginn an huet leider op der leschter Platz ofgeschloss. Recken 2 hat dogéint ganz vill enk Matcher, konnt awer géint all Equipe gewannen a sinn domat déi éischt an hirem Grupp ginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0