· 

Véier 3. Platze fir Recken um Houwalder Tournoi


No dem fulminante Start an Tournoissaison war et déi lescht 3 Wochen op den Tunéiere bësse méi roueg ginn em d’Spiller vum DT Recken. Dëse Sonnden hunn eis Spiller dunn erëm un d’Ufanksform ugeknäppt a sinn direkt mat 7 Spiller op den Holleschbierg bei den DT Houwald gefuer.  An déi konnte gréisstendeels iwwerzeegen! Leider net beloune konnten sech den Therani-Nekou Nima an de Pierre Emile déi an de Véierelsfinalle vun der Open Handicap, respektiv der C2 de Kierzere gezunn hunn.

Besser gemaach hunn et dunn de Pierre Philippe, de Wantz Gene an den Habscheid Sam. An geschenkt gouf hinnen näischt!

De Philippe huet an der ¼ Final missen iwwert voll Distanz goe fir sech herno déi 3. Platz an der C3 ze sécheren. 

 


Nodeems de Gene ganz batter seng ¼ Final vun der Open Handicap verluer huet, konnt hien sech an der B1 bis an d' ½ Final virkämpfe wou en reegelrechte Krimi op en gewaart huet. No enger 2-0 Féierung konnt säi Géigner in extremis den 3. Saatz 12-14 fir sech entscheeden a konnt de Match nach dréinen. Den Gene huet am 5. Saatz nach eemol alles ginn a koum no engem 2-7 nach op 7-7 erun, mee huet dunn awer 9-11 verluer.

 

Dem Sam ass eng drëtt Platz net duergaangen. Hien huet haut gewisen dass hien  an der Vakanz vill trainéiert huet an huet Dëschtennis vum feinste gespillt. An immens laangen a schéine Rallyen huet hie senge Géigner gewisen, dass hie mat sengen 11 Joer net ze ënnerschätzen ass an nach weit no vir komme well. Hien konnt sech domat an d' ½ Final vun der B3 a vun der Open Handicap kämpfen, wou en dunn leider huet missen den Ustrengungen Tribut zollen.

 

Gratulatioun un eis Spiller déi eis erëm méi wéi würdeg vertrueden hunn!



Kommentar schreiben

Kommentare: 0