· 

Allerhellge Vakanz – déi Éischt


Moies fréi ass et fir d'Yana Schmitz an den dréi D-Kategorië lassgaangen wou  jeeweils a Poulen gespillt gouf. Souwuel an der D3 wéi och an der D2 konnt d'Yana sech fir den Haapttableau qualifizéieren an huet sech an der D3 bis an d'½ Final gekämpft an domat eng exzellenten 3. Platz gemaach. An der D2 koum et bis an d'¼ Final wou de Géigner leider ze staark war.

 

De Pierre Emile huet duerno an der C2 zougeschloen. Hien huet ee gudden Tournoi gespillt mat villen enken, ëmkämpfte Matcher. Souwuel seng ¼ Final, wei och seng ½ Final ware jeeweils a 5 Sätz. ¼ Final mat engem gudden Ausgang fir den Emile, leider huet en ½ Final verluer a konnt sech domat déi gutt 3. Platz um Podium sécheren!

 

Ganz uewen um Podium vum Open Handicap stoung de Chris Reuter. Hien huet sech souverän an dominant bis an d'Final gekämpft, ënner anerem koum et wéi schonn zu Bäerdref zum Duell géint séin Brudder de Reuter Ben vu Rued, des Kéier an der ½ Final. No dësem spannende Familljenduell ass et leider net méi sou souverän weidergaangen. Ganz knapp am 5. Saz (9-11) huet de Chris sech dunn missen an der ¼ vun der B1 geschloe ginn, éier e mam selwechte Resultat, des Kéier awer zu senge Gonschten, d'Final vum OH gewanne konnt.

 

Deen nächsten Tournoi mat Reckener Präsenz ass den Donneschden, 31.10.2019, de Jugend Tournoi vum DT Noumer an der Fiels wou mir mat 17 Kanner vertruede sinn! Wéi et do ausgeet kënnt der dann nächste Weekend am nächste Bericht liesen, oder selwer bis an d'Fiels kucke kommen!


Yana Schmitz
Yana Schmitz
Emile Pierre
Emile Pierre
Chris Reuter
Chris Reuter

Kommentar schreiben

Kommentare: 0