· 

Gudd Placéierungen op den Tournoien zu Noumer, Réimech a Gréiwemaacher


Noumer

 

Moies sinn eis Spiller an der Equipe ugetrueden an dobäi sinn dunn schonn direkt 4 Placéierungen erausgesprongen:

 

An der Equipe D3 sinn direkt 2 Equippe vun eis op de Podium komm: 3. Platz fir Schmitz Yana mat engem Partner vun Noumer an déi 2. Platz fir Weyland Mara an de Sintra Hugo.

An der Kategorie driwwer, der Equipe D2, hunn sech duerno de Sousa Pinto Lucas an de Ribeiro Fernandes Enzo bis op déi 3. Platz gekämpft.

An der héchster Kategorie, der Equipe C1/C2 sinn duerno den Tehrani-Nekou Nima an de Gansen Joé déi 2. ginn.

 


Mëttes ass et dunn am Eenzel weidergaange wou dunn weider 8 Coupen erausgespronge sinn. An all Kategorie ware mir herno um Podium vertrueden:

 

Jeeweils 3. gi sinn (an hire Kategorien) Schranz Mik a Schmitz Yana an der D3, Lanners Maurice an der D2, de Kraus Lenn an der D1, d’Tres Nora an der C3 an de Gansen Joé souwéi de Pierre Emile an der C1.

En exzellenten Tournoi gespillt huet den Therani-Nekou Nima, deen d'C1 gewonnen huet!

 

Mir wëllen awer net onernimmt loossen, dass niewent dëse Placéierungen um Podium och déi aner Spiller ganz gutt gespillt hunn. Et sinn der ganz vill bis an d'¼ Final vun hire Kategorië komm!

Gratulatioun un all eis Jugendspiller déi sech zu Noumer, fir dee villen Training, belount hunn.


Réimech a gréiwemaacher

Kréinenden Ofschloss vun der Allerhëllge Vakanz

No de Placéierungen zu Zéisseng an zu Noumer waren um Enn vun der Allerhëllge Vakanz nach eemol 4 Placéierungen op den Turnéiere vum DT Gréiwemaacher a vum DT Réimech fir d’Spiller vum DT Recken erausgesprongen.

 

Nerven aus Stol hat dëse Weekend de Kimmes Tim. Hien huet nämlech a ville Matcher bis an de 5. Saz misse goen a méi wéi eng Kéier ee Réckstand vu 4 a méi Punkten ophuelen. Erausgespronge sinn do fir hien 3 Placéierungen, dovun 2 mol eng 1. Platz!

 

Ernimmenswert ass d’Final vun der B1 zu Réimech, well dohin hat sech an der anerer Halschent vum Tableau och ee Reckener hin gekämpft, an zwar de Reuter Chris. Och hie krut et ënnerwee net einfach gemaach, konnt sech awer relativ souverän bis an d’Final spillen. Mee hei war dem Tim kee Kraut gewuess. Hien huet dem Chris an 3 Sätz nämlech keng Chance gelooss an domat hunn déi zwee Spiller ee weidere grousse Schrëtt Richtung A3 gemaach!

 

Hei dann d’Placéierungen am Resumé:

Kimmes Tim:

  • Gewënner vun der Open Handicap zu Gréiwemaacher,
  • Gewënner vun der B1 an
  • Drëtten am Open Handicap zu Réimech.

Reuter Chris:

  • Zweeten an er B1 zu Réimech!

Dass si dat technesch a konditionell gepackt huet leit un hirer héijer Trainingspräsenz! Héimadder soe mir och eisen Traineren ee grousse Merci fir hier gutt Aarbecht!

Ee grousse Merci geet och un all eis Sponsoren, déi dëst duerch hir Ënnerstëtzung méiglech maachen!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0