· 

Kriterium Jonglënster


Ugefaange mam Gene Wantz, deen d'Konschtstéck fäerdeg bruecht huet, de Minimes Criterium bei de Jongen ze wannen! Respekt un hien, dësen Erfolleg ënnersträicht seng gutt Form. Zitat vum Gene: "Ech si mega glécklech a frou, de Criterium gewonnen ze hunn!!! Et huet grousse Spaass gemaach!"

 

Bei de Minimes Meedecher ware mir och vertruede mam Mandy Portelada. Hatt huet een exzellente Criterium gespillt, huet 2 ganz schwéier Matcher am 5. Saz duerch grousse Wëlle fir sech entscheet a koum op déi super 2. Plaz.

 

De Portelada Sean koum bei de Cadets Jongen op eng gutt 5. Plaz. Leider huet him an den entscheedende Phasë Gléck gefeelt, soss wier et nach 1,2 Plazen no fir gaangen.

 

D'Nora Tres koum bei de Juniors Meedecher op déi 5. Plaz! Am Nomëtteg konnt hat sech géint dräi Géigner duerchsetzen, déi gläich staark waren.

 

Ee grousse Bravo un den Gene, Mandy, de Sean an Nora!!! Weider sou!!!


Mandy & Gene
Mandy & Gene
Nora & Mandy
Nora & Mandy


Kommentar schreiben

Kommentare: 0