· 

Iwwerzeegend Leeschtung vum DT Recken um Tournoi zu Ell


Direkt Moies frei konnten eis Kleng Spiller a Spillerinnen an de Kategorien D3, D2 a Préminimes/Minimes D3 iwwerzeegen.

  • De Marmann Lou gouf 3ten an der Préminimes/Minimes D3 a koum bis an d’1/4 Final an der D2!
  • Nodeems de Kraus Finn souwuel d’1/4 Final vun der D3 wei och d’1/4 Final vun der D2 verluer huet hat hien et duerno an der Préminimes/Minimes D3 besser gemaach a konnt déi Kategorie gewannen! Domat huet hien et gepackt vun der Kategorie D3 op D2 ze steigen!

Duerno sinn dunn 3 weider Spiller vum DT Recken an den Asaz komm an de Kategorien D1, C3, C2 a C1:

  • De Kraus Lenn gouf exzellenten 2ten a senger Kategorie D1 a konnt sech och nach bis op déi 3ten Platz an der Kategorie C3 kämpfe wou en d’1/2 Final leider knapp am 5ten Saz verluer huet. Genau sou wei säi Brudder huet de Lenn et gepackt ee Klassement ze steigen ass lo C3!
  • De Pierre Philippe konnt sech an déi aner ½ Final vun der C3 kämpfen, mee och hien huet sech do misse geschloe ginn.
  • Beim Tehrani-Nekou Nima mëscht sech deen haarden Training weiderhi bezuelt. No senge super Leeschtungen op deene Leschten Tournoi wou hie schoun méi wei ee gewonnen huet konnt hien och des Kéier rëm 2 Platzeirunge maachen. Hien huet seng Kategorie C2 gewonnen a gouf ganz gudden 3ten an der C1 an ass lo kuerz virum Sprong fir op C1 ze steigen.

Nomëttes konnten sech dunn eis B-Spiller vun hirer Beschter Säit weisen.

  • Den Habscheid Sam huet erëm vill Grousser zum staune bruecht. An der Open Handicap gouf hie gudden 3ten, an a senger Kategorie, der B2, gouf hien exzellenten 2ten, dat nodeems hien an der ½ Final huet misse géint säi Papp, den Habscheid Yves untrieden. An deem Match hat de Sam awer näischt ubrenne gelooss a gewisen, dass hie mëttlerweil dee besseren Dëschtennisspiller doheem ass.
  • No senger Néierlag géint säi Jong an der Kategorie B2, an domat enger gudder 3ter Platz, huet den Habscheid Yves sech net demotivéiere gelooss an huet a senger Kategorie, der B3, nach eng Kéier alles ginn. Obwuel hie physesch um Enn war an d’Been gebrannt hunn huet hien seng lescht Reserve mobiliséiert fir seng Kategorie ze gewannen!
  • Last but not least war et dunn um Rassel Marvin fir ze weisen, dass hie lues a lues rëm an seng fréier Form kennt. No puer 3ten Platzen op deene leschten Tournoi huet hien et des Kéier besser gemaach an noeneen 3 B1 Spiller eliminéiert fir op déi 1ten Platz ze kommen!

Gratulatioun un all eis Spiller, déi alleguerten haart trainéiere fir des gutt Leeschtung ze bréngen!


Lenn & Finn
Lenn & Finn
Sam & Yves
Sam & Yves
Lou
Lou
Philippe
Philippe

Kommentar schreiben

Kommentare: 0