· 

Tournoi Weekend zu Mamer a Schandel


Tournoi Schandel

Um Tournoi vum DT Schandel sinn 3 Platzeirunge fir eis Spiller rausgesprongen. Et wier souguer méi dra gewiescht well nach 3 Matcher an der ¼ Final verluer goufen!

 

De Kimmes Tim war an enger ganz gudder Form an huet ee ganz gudden Tournoi gespillt an zum Schluss konnt hien sech an der B1 déi exzellenten 2. Platz sécheren!

 

An der Open-Handicap gouf et direkt 2 Platzeirunge fir den DT Recken.De Lux Jeff hat ee ganz schwéieren Tableau an huet 3 B 1 Spiller missen eliminéiere fir bis an d’1/2 Final ze kommen! Do koum et dunn zum Duell mat sengem Co-Equipier Greis Ralf! Allenzwee haten se zu deem Zäitpunkt scho 7 Matcher erof, an Allenzwee hate just virdrun eng ganz knapp Néierlag an hirer Kategorie, der B2, hannert sech. De Ralf koum direkt besser an de Match an huet do och näischt ubrenne gelooss an domat gouf de Jeff gudden Drëtten, an de Ralf krut et do mat deem B1 ze dinn, géint deen den Tim an der Final vun der B1 verluer huet. De Ralf konnt hei nach eemol säi beschten Dëschtennis auspaken a konnt sech domat net nëmmen seng éischt Platzeirung fir des Saison sécheren, mee och fir alleréischte Kéier eng Open Handicap gewannen!


Tourn0i Mamer

Sonndes war den Tournoi vum DT Mamer, an och do hunn eis Spiller rëm iwwerzeegt!

 

De Kraus Lenn, deen d’läscht Woch um Tournoi réicht C3 gin ass huet ee richteg gudden Tournoi gespillt a konnt direkt seng nei Kategorie C3 gewannen, dat no ganz ëmkämpften an enke ½ Final a Final.

 

Duerno konnt de Rassel Marvin nach eng 3. Platz an der Kategorie B1 maachen!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0