· 

26 Coupen als Ofschloss vum Joer 2019


Déi zwee läscht Turnéier vum Joer 2019 war eisen Heemturnéier (Samschdes fir Jugend an Sonndes fir Senioren) an och do hunn déi Reckener Spiller ënner Beweis gestalt, dass sech de serieuxen Training aus dem Joer 2019 gelount huet.


Sylvestertournoi - jeunes - 28.12.2019

Moies an den Equippen hu sech eis Spiller vill Placéierungen rausgespillt. Hei eng Oplëschtung:

 

Equipe D3

3.Plaz Schmit Collin & Schoellen Sophia

 

Equipe D2

2.Plaz Lanners Maurice & Pinto Lucas

3.Plaz Kraus Finn & Lanners Félix

 

Equipe C3/D1

1.Plaz Kraus Lenn & Majerus Charel

3.Plaz Gouber Mika & Tres Nora

 

Equipe C1/C2

2.Plaz Gansen Joé & Tehrani-Nekou Nima

3.Plaz Pierre Emile & Metz Max (DT Noumer)

 

Mëttes am Eenzel sollt et mat villen gudden Placéierungen weidergoen:

De Lanners Maurice gouf excellenten 2. am D2, wou hien an enger super hallef Finale de Favorit rausgehäit hat an an der Finale ganz knapps de Kierzere gezunn huet. De Majerus Charel huet souverän, ouni een Saz ze verléieren d'Kategorie D1 gewonnen!!! De Kraus Lenn, de Nima Tehrani-Nekou an den Habscheid Sam hunn an hirer Kategorie alleguerten déi 3. Plaz beluecht. Den Emile Pierre an de Sean Portelada hunn an der C1, respektiv A/B1 eng gudd 2. Plaz beluecht.




Sylvestertournoi - Seniors - 29.12.2019

Sonndes goung et du mam Seniorsturnéier weider.

Op engem gutt besichten Tournoi hunn et vill Reckener Spiller an d'Halleffinall gepackt, déi se dunn awer alleguerten ganz knapps verluer hunn. Den Enzo Ribeiro gouf 3. an der D2, de Lenn Kraus gouf 3. an der C3, de Nima Tehrani-Nekou gouf 3. an der C2 an den Tim Kimmes gouf 3. an der B1.

 

Am Grand-Prix Masters bei den Damen huet d'Martine Simon d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, deen éischten Masters Cup vun den Dammen héi zu Recken ze halen an d'Finale mat 3-1 géint d'Hartmann Carole ze gewannen.


am Numm vum DT Recken wënschen mir Iech alleguerten nëmmen dat bescht fir d'Joer 2020, vill Gléck an eng gudd Gesondheet!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0