· 

Tournoi Nouspelt & Jonglënster


Tournoi nouspelt

Leschte Samschde ware vill Jugendspiller vum DT Recken op Nouspelt op de Jugendturnéier. Eng Réi vu Spiller konnten hir gutt Form ënner Beweis stellen an sech eng Coupe sécheren.

 

An der Finale vun der Kategorie Equipe D2/D3 koum et zu enger reng Reckener Finale, wou sech den Enzo Ribeiro an de Maurice Lanners am Doubel géint de Charel Goebel a Yana Schmitz duerchsetze sollten. An der Equipe C1/C2/C3 stounge schlussendlech 2 Reckener Equipe op der 3. Plaz, an dat mam Joé Gansen an Emile Pierre, souwéi mam Nora Tres a Mika Gouber.

Mëttes sollt et am Eenzel weidergoen. An der D2 koum de Charel Goebel op eng 2. Plaz, den Enzo Ribeiro gouf 3. An der D1 koum Sophie Thelen op eng gutt 2. Plaz an de Charel Majerus ass deen 3. ginn. Am C3 souwéi am C1 hunn de Lenn Kraus an den Emile Pierre Finalë knapps verluer a koumen an hirer Kategorie op eng gutt 2. Plaz.



TOURNOI Jonglënster

No dem fulminante Start an 2020 vun eise Jugendspiller um Jugendtournoi vum DT Nouspelt Samschdes wollten et déi Grouss Sonndes genau sou gutt maachen. Leider ass dat deene meeschten awer net gelongen a ganz vill hunn schonn am éischten Tour vun deene verschiddene Kategorië verluer, anerer si knapp an de ¼ Finalle gescheitert. Ganz eidel si mer awer net ausgaangen, well zum Schluss zwee vun eise Spiller glänze konnten.

 

Nodeems de Mike Kraus ganz knapp am Open Handicap d'1/8 Final a 5 Sätz géint de Yannick Quaring verluer huet, huet hien an der A-Kategorie nach eng Kéier voll opgedréint an huet an engem sensationelle Match d'¼ Final géint keen anere wei d’Nummer 1 vu Lëntgen, de Reiland Hervé, 3-1 gewonnen. Souwuel mat sengem Topspin wei och mat sengem Block huet de Mike säi Géigner haaptsächlech an den éischten zwee Sätz zum verzweiwele bruecht an huet dee Match verdéngt gewonnen. An der ½ Final krut hien et dunn mam Hugo Krier vun der Union zedinn. Och hei huet de Mike super gespillt, mee an deene ville laange Ballwiessel hat den Hugo dee besseren Otem an huet déi entscheedend Punkte gemaach. Domat ass eng super 3. Platz fir de Mike rausgesprongen! 

 

“Wat méi Mann kann, dat kann ech och” huet sech Martine Simon geduecht a wollt no senger Victoire lescht Woch vum Masters Cup zu Recken an der B1 seng gutt Form nach eemol ënnersträichen. Ganz souverän huet Martine sech an d’1/2 Final gespillt wou et op séin alen Equipenkomerod vu Wëntger, de Jonas Andrzejewski, getraff ass. An dësem Match hunn sech déi zwee näischt geschenkt. Nodeems Martine mat engem 1-0 gutt gestart war konnt de Jonas 1-2 a Féierung goen. An 2 ganz enke Sätz huet Martine Nerve gewisen a konnt de Match 3-2 fir sech entscheeden. Ganz spannend war duerno och d’Final géint de Brassinne Ludovyk vu Schëffléng, mee och hei konnt Martine seng taktescht Iwwerleeënheet weisen an de Match gewonnen. Domat war dat seng zweet Victoire innerhalb vun 2 Wochen op deenen zwee bescht besichten Tournoie vum Joer!


Dëse Sonndeg spillen eis jonk Spiller d'Finall vum Kids-Cup um Holleschbierg zu Hesper. RDV ass um 13 Auer! Kommt si ennerstëtzen!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0