· 

Nordmeeschterschaft 2020 zu Miersch


Zwee vu ville Reckener Gewënner op der Nordmeeschterschaft
Zwee vu ville Reckener Gewënner op der Nordmeeschterschaft

Dëse Weekend ware bei eis zu Miersch d'Nordmeeschterschaften, an déi ware mat iwwer 370 Inscriptioune rëm extrem gutt besicht! An 13 Kategorië sinn am ganze 17 Plazéierungen un eis Spiller vum DT Recken gaangen, dorënner 5 éischt Plazen!

An deene verschiddene Jugendkategorien hunn eis Jonker rëm bewisen, dass si zum Top vum Land dozou gehéieren.

  • Bei de Préminimes gouf et eng kloer Victoire vum Habscheid Sam, mat him um Podium stoung mam Kraus Lenn op drëtter Plaz och nach ee weidere Reckener.
  • Bei de Minimes huet de Wantz Gene dominéiert an sech ganz kloer déi éischte Plaz geséchert.
  • Bei de Cadets war et dunn um Portelada Sean fir seng Klass ënner Beweis ze stellen, wat him och gelongen ass. Och hien huet seng Alterskategorie gewonnen.

 

Domat ginn 3 vu 4 Jugendkategorien un d'Spiller vum DT Recken! Mir wëllen awer och déi gutt Leeschtung vun eisen anere Jugendspiller ervirhiewen déi sech och immens gutt geschloen hunn, mee fir déi et leider net duergaangen ass. Net manner wéi 4 vun hinne ware bis an d’¼ Final komm: De Gansen Joé an de Tehrani-Nekou Nima bei de Cadets an de Lanners Maurice an de Lanners Félix bei de Préminimes.

 

Mee net nëmmen eis Jugendspiller ware staark, och eis “Oldies” konnten iwwerzeegen, dat bei de Veteranen. Hei war d'Dominanz vum DT Recken kloer ze spieren: 3 vu 4 Spiller um Podium haten ee gréngen Trikot un!

Den Hoffmann Joé ass Nordmeeschter ginn, no der Final géint säi Co-Equipier Lentz Marc, deen domat exzellenten Zweete ginn ass. Hien krut et an der ½ Final mat engem weidere Co-Equipier ze dinn, an zwar dem Fritsch Martin deen no engem ganz enke Match deen Drëtte ginn ass. Och hei waren 2 weider Reckener bis an d’1/4 Final komm: den Habscheid Yves an de Mousel Luc hunn et no gudder Leeschtung leider net op de Podium gepackt.

 

  • An der Kategorie D2/D3 huet et de Schranz Mik bis an d’Final gepackt an ass gudden Zweete ginn!
  • No senger drëtter Plaz bei de Préminimes konnt de Kraus Lenn seng Haaptkategorie C3/D1 gewannen. Mam Kasel Gil als Drëtte war ee weidere Reckener mat um Podium.
  • An der B2/B3 sinn déi zwou drëtt Plazen un den DT Recken gaangen: De Lux Jeff an de Mousel Luc hunn leider an enken ½ Finalë verluer.
  • An der A/B1 koum de Kraus Mike och op déi exzellenten drëtte Platz!

 

Mee net nëmme bei den Eenzel gouf et gutt Resultater vun eise Spiller. Bei den Doubele si weider gutt Platzéirunge rausgesprongen:

  • Am Double Dames goufen d'Simon Martine an d'Simon Carole déi gutt Drëtt. Si hunn hier ½ Final leider ganz knapp am 5. Saatz 14-16 missen ofginn.

 

Am Double Herre gouf et eng Dominanz vun de Veräiner Recken an Hueschtert-Folscht. De Wantz Gene an den Habscheid Sam haten eng immens enk ¼ Final géint eng weider Reckener Koppel, dem Rassel Marvin mam Mousel Luc, déi si fir sech entscheede konnten. Dono kruten si et an der ½ Final mat de Gewënner vum leschte Joer, dem Kraus Mike an de Reuter Chris ze dinn, an déi zwee hunn hinne keng Chance gelooss!

An där aner ½ Final stoung de Portelada Sean mam Van Dessel Maël vun Hueschtert-Folscht. Si konnten awer leider net géint déi  Hueschterter Koppel Koob Jerry a Piquard Loïc gewannen. 

D'Final war deemno also Kraus/Reuter géint Koob/Piquard, a béid Koppelen hunn sech näischt geschenkt. Leider ass et vir déi Reckener zum Schluss net duergaangen an domat goufen de Mike an de Chris déi exzellent Zweet.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0