· 

D'Coupe des Jeunes geet op Recken


Den Dëschtennis Recken schreift Veräinsgeschicht

 

 

Um AllCupFinals Day vun der FLTT war den DT Recken mat 2 Equippen vertrueden. An der Finale vum Teenscup hunn mir eis no engem ëmkämpften Match misse mat 4-1 géingt Lëntgen geschloen ginn. Den Gene Wantz, Mandy Portelada, den Mil Hoffmann an den Jos Hoffmann hunn sech ganz gutt geschloen an vill wichteg Erfarungen fir hir sportlech Entwécklung gesammelt. Gratulatioun un den DT Lëntgen.

 

An der Finale vun der Coupe des Jeunes, dem wichtigtesten Jugendtitel, konnt den DT Recken sech mat 4-1 géint den DT Préizerdaul duerchsetzen. Den Gene Wantz, den Sean Portelada, den Nima Tehrani-Nekou an Mandy Portelada hunn Veräinsgeschicht geschriwwen an fir déi éischten Kéier dësen Titel op Recken geholl. Dësen Titel ass eng grouss Éier fir Spiller, déi fir hiren Trainingsfleiss, hiren sportlechen Asaz an all deenen leschten Joren belount ginn sinn.

 

Een groussen Merci geet un eis zwee Coachen, den Henri Braun an den Chris Reuter, déi eis Spiller top agestallt an encadréiert hunn. Op dëser Plaz wëllen mir ewer och all eisen Veräinstraineren een groussen Merci soen fir hiren Asaz fir den DT Recken an deenen leschten Joren, dem Henri Braun, dem Olivier Bavay, dem Paulo Portelada, dem Jerry Koob, dem Joao Aguiar, dem Nora Tres, dem Alex Carrico, dem Mike Kraus, dem Maryse Michels, dem Sean Portelada,  ….. Een groussen Merci geet och un all eis Sponsoren an eis Supporter! Mir verspriechen Iech, dass mir eisen Schwéierpunkt weider op der Jugendaarbecht bäibehalen wäerten an konsequent an eis Jugendaarbecht investéieren wäerten.  

 

Hei gesitt dir elo puer Impressiounen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0