· 

Staark Leeschtungen um Tournoi zu Berbuerg an am Préizerdaul


Berbuerg

De Samschde stoung Berbuerg um Programm, wou den DT Recken mat 6 Spiller vertruede waren. De Gil Kasel huet hei gewisen, dass seng gutt Leeschtung zu Biissen (3. Platz D1 an 1/4 Final C3) kee Gléckstreffer waren, mee dass dat nëmmen ee klenge Virgeschmaach war!

 

Hien huet a villen, ganz ëmkämpfte Matcher d’Nerve behalen a konnt souwuel d'D1, wéi och d'C3 Kategorie gewannen an domat 3 ganzer Plusse sammelen! Enner anerem huet hie gewisen dass hien aus sengen Néierlage leiere kann, well hien huet an der C3 géint eng Géignerin gewonne, wou en zu Biissen souguer ee Saatz op 0 verluer hat!

 

Am spéiden Nomëtten huet dunn de Chris Reuter net laang un sech gezweifelt nodeems en a senger Kategorie, der B1, onglécklech verluer hat: Hien huet dunn einfach déi 3. Platz an der A Kategorie gemaach!


Préizerdaul

Sonndes am Préizerdaul wollt de Gil dunn do weidermaachen, wou e Samschdes opgehalen huet. Hien gouf gudden 2. an der D1 an ass bis an d'¼ Final vun der C3 komm!

 

Mëttes huet dunn de Reuter Chris seng Revanche géint déi 2 Géigner geholl, wou en zu Berbuerg a Biissen an der B1 verluer hat a konnt sech bis an d' ½ Final kämpfen. Och de Marc Lentz huet gewisen, dass hien net nëmme fir ze spillen op Tournoie geet, mee och fir eppes ze gewannen: Och hie gouf gudden 3. An der B1. Domat haten 3 vu 4 Spiller, déi hei ugetruede waren sech belount!


Gil Kasel zu Berbuerg © DTR
Gil Kasel zu Berbuerg © DTR
Chris Reuter am Préizerdaul © DTR
Chris Reuter am Préizerdaul © DTR
Marc Lentz am Préizerdaul © DTR
Marc Lentz am Préizerdaul © DTR


Selektion Internationaux Jeunes de Charleville-Mézières

Mandy Portelada
Mandy Portelada

 

 

D'Mandy Portelada war dëse Weekend och fir d' "Selektion internationaux jeunes de Charleville-Mézières"nominéiert an huet do leider an der Achtelsfinall verluer.

 

An der Consultation kount hatt dunn awer dei 3. Platz beleen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    JMD (Sonntag, 01 September 2019 14:06)

    Sie hun gut gespillt an hier gut Platzeierungen och verdingt! Bis nächst Joer.