An der Finale vun der Coupe des Jeunes, dem wichtigtesten Jugendtitel, konnt den DT Recken sech mat 4-1 géint den DT Préizerdaul duerchsetzen. Den Gene Wantz, den Sean Portelada, den Nima Tehrani-Nekou an Mandy Portelada hunn Veräinsgeschicht geschriwwen an fir déi éischten Kéier dësen Titel op Recken geholl. Dësen Titel ass eng grouss Éier fir Spiller, déi fir hiren Trainingsfleiss, hiren sportlechen Asaz an all deenen leschten Joren belount ginn sinn.