Tournoi

Tournoi · 03. November 2019
Et kann ee bal soen et hätt Coupë gereent fir Spiller vum DT Recken. Mir si mat 17 Spiller op de Jugendturnéier gefuer an hunn 15 Coupen an 12 Kategorië mat heem geholl. Liest hei den Detail..

Tournoi · 29. Oktober 2019
Mir raschten och an der Allerhellge Vakanz net! Dëse Sonndeg war den Tournoi vum DT Zéisseng wou mir dës Kéier mat 7 Spiller ugetruede waren. Gutt gespillt hunn se alle 7, an 3 vun hinne konnten sech souguer mat enger Placéierung belounen.

Tournoi · 06. Oktober 2019
De 6. Okober war den Tournoi um Houwald. Den DTR war mat 7 Spiller sur place! Kuckt iech hei d'Resultater un!

Tournoi · 09. September 2019
Och um 3. Tournoisweekend waren eis Spiller erëm fläisseg ënnerwee an hunn Placéierungen op den Tournoien zu Bäerdref an Hautcharage gemaach. Kuckt Iech hei den Detail un!

Tournoi · 02. September 2019
No deem gudden Tournoisstart zu Biissen ass et dëse Weekend monter weider gaange fir Spiller vum DT Recken. Dëst souwuel Samschdes um Tournoi zu Berbuerg, wéi och Sonndes am Préizerdaul!

Tournoi · 26. August 2019
Um éischten Tournoi fir d'Saison waren direkt eng ganz Partie Reckener Spiller vertrueden an hunn um Tournoi zu Biissen gewisen, dass gutt Trainingspréparatioun sech definitiv bezuelt mëscht. D'Resultater fannt dir hei am Artikel.

Tournoi · 11. März 2018
Den 11. Mäerz huet zu Iechternach Finale vum Préminimescriterium stattfonnt. 2 Spiller (Wantz Gene an Habscheid Sam) an eng Spillerin (Portelada Mandy) vum DT Recken haten sech fir Finale qualifizéiert. Et sollt een Dag ginn, wou Veräinsgeschicht geschriwwe ginn ass. Allen dräi stoungen se no engem ustrengenden Dag um Podium. Gespillt gouf nom Modus " jidderee géint jidderee ".

Tournoi · 15. Februar 2018
Den Dubbel Kraus/Gira huet an der Kategorie Herren A eng supper 3. Plaz ereescht. De Chris Reuter huet außerdem eng 3. Plaz an der Kategorie B gemaach. An dësem Artikel fannt dir de genauen Detail mat de Resultater.

Tournoi · 15. Februar 2018
An deene leschten 2 Méint waren erëm eng Réi Tournoien op deenen eis Spiller a Spillerinnen Podiumsplaze beluecht hunn. Ënner anerem waren dëst den 39. Sylvestertournoi vum DT Recken, den Tournoi zu Beetebuerg an t'Nordmeeschterschaften zu Ettelbréck.

Tournoi · 02. November 2017
Déi lescht Woch hunn eng Réi Reckener Jugendspiller un verschiddenen Tournoien deelgeholl an richteg erfollegräich gespillt.

Mehr anzeigen