De 15. September 2019 huet den DT Recken/Miersch vir déi 12. Kéier de Konschthandwierksmaart "Eenelter Maart" organiséiert. Den Eenelter Maart fënnt am alen Duerfkär vu Recken bei Miersch statt. Vun 10 bis 18.30 Auer hunn t'Visiteuren hei nieft konschthandwierklechen Objeten (Holz, Metall, Steen, Molereien) och Liewensmëttel aus der regionaler Produktioun fonnt. Nieft dem Kaf vun originellen a konschtvollen Unikater  bestoung och t'Méiglechkeet verschiddenen Handwierker bei der Hierstellung vun hire Konschtwierker iwwert t'Schëller ze kucken.

 

De schéin restauréierten Duerfkär bitt de passenden Kader vir den Eenelter Maart. Iwwer 140 Aussteller waren souwuel op Stänn an de Stroossen wei och a Garagen a Schéieren ze fannen. Nieft enger Reih lëtzebuerger Kënschtler an Handwierker, hunn och däitsch, franséisch a belsch Konschthandwierker den Wee an den Zentrum vum Land fonnt. Sou waren hei och néi Gesichter unzetreffen, déi op de lëtzebuerger Konschthandwierksmärt nach net sou bekannt sinn.

 

Nieft ville Workshops an deenen t'Kanner hirer Kreativitéit freie Laaf loosse konnten, haaten eis kleng Visiteuren och t'Méiglechkeet op engem Pony ze reiden.



Feedback zum eenelter maart


Wéi hutt Iech den Eenelter Maart gefall? Wat kéinte mir besser maachen?

Maacht bei eiser Ëmfro mat an hëlleft eis fir verschidde Punkten ze verbesseren! 

Fir eventuell Problemer ze verbesseren oder soss Ännerunge virzehuele brauche mir Iech! Fëllt dës Ëmfro aus (net all Fro muss beäntwert ginn) an hëlleft eis domadder virun! 

D'Ëmfro ass anonym!