De 15. September 2019 organiséiert den DT Recken/Miersch vir déi 12. Kéier de Konschthandwierksmaart "Eenelter Maart". Den Eenelter Maart fënnt am alen Duerfkär vu Recken bei Miersch statt. Vun 10 bis 18.30 Auer fannen t'Visiteuren hei nieft konschthandwierklechen Objeten (Holz, Metall, Steen, Molereien) och Liewensmëttel aus der regionaler Produktioun. Nieft dem Kaf vun originellen a konschtvollen Unikater  besteet och t'Méiglechkeet verschiddenen Handwierker bei der Hierstellung vun hire Konschtwierker iwwert t'Schëller ze kucken.

 

De schéin restauréierten Duerfkär bitt de passenden Kader vir den Eenelter Maart. Iwwer 130 Aussteller sinn souwuel op Stänn an de Stroossen wei och a Garagen a Schéieren ze fannen. Nieft enger Reih lëtzebuerger Kënschtler an Handwierker, fannen och däitsch, franséisch a belsch Konschthandwierker den Wee an den Zentrum vum Land. Sou sinn hei och néi Gesichter unzetreffen, déi op de lëtzebuerger Konschthandwierksmärt nach net sou bekannt sinn.

 

Nieft ville Workshops an deenen t'Kanner hirer Kreativitéit freie Laaf loosse kënnen, hunn eis kleng Visiteuren och t'Méiglechkeet op engem Pony ze reiden.



Informatiounsmappen fir d'Aussteller mat Umellungsformulaire

Dossier d'informations avec formulaire d'inscription

Download
Informationsmappe Deutsch
Eenelter Maart Informationsmappe PR.pdf
Adobe Acrobat Dokument 953.2 KB
Download
Dossier d'informations Français
Eenelter Maart Dossier d'informations PR
Adobe Acrobat Dokument 949.7 KB


Bei Froe sti mir Iech gären zur Verfügung!

Dir kënnt Iech iwwert dëse Formulaire bei eis mellen:

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.


Kontakt bei dringende Froen:

KRAUS Mike:

krausm@pt.lu

691808222


IMPRESSIOUNEN - EENELTER MAART

Eenelter Maart 2017