NEWS - Eenelter Maart 2020 annulléiert!

Op Grond vun de neisten Entwécklunge vun der Corona-Pandemie, huet de Comité vum Reckener Dëschtennis déi schwéier Entscheedung getraff den Eenelter Maart 2020 ofzesoen! D'Sécherheet vun eise Visiteure läit eis um Häerzen. 2021 kënnt Dir awer erëm mam Eenelter Maart rechnen a mir freeën eis elo schon Iech alleguerten do kënnen ze begréissen!!

Stay safe,

Comité - DT Recken


Den 13. September 2020 organiséiert den DT Recken/Miersch vir déi 13. Kéier de Konschthandwierksmaart "Eenelter Maart". Den Eenelter Maart fënnt am alen Duerfkär vu Recken bei Miersch statt. Vun 10 bis 18.30 Auer fannen t'Visiteuren hei nieft konschthandwierklechen Objeten (Holz, Metall, Steen, Molereien) och Liewensmëttel aus der regionaler Produktioun. Nieft dem Kaf vun originellen a konschtvollen Unikater  besteet och t'Méiglechkeet verschiddenen Handwierker bei der Hierstellung vun hire Konschtwierker iwwert t'Schëller ze kucken.

 

De schéin restauréierten Duerfkär bitt de passenden Kader vir den Eenelter Maart. Iwwer 140 Aussteller sinn souwuel op Stänn an de Stroossen wei och a Garagen a Schéieren ze fannen. Nieft enger Reih lëtzebuerger Kënschtler an Handwierker, fannen och däitsch, franséisch a belsch Konschthandwierker den Wee an den Zentrum vum Land. Sou sinn hei och néi Gesichter unzetreffen, déi op de lëtzebuerger Konschthandwierksmärt nach net sou bekannt sinn.

 

Nieft ville Workshops an deenen t'Kanner hirer Kreativitéit freie Laaf loosse kënnen, hunn eis kleng Visiteuren och t'Méiglechkeet op engem Pony ze reiden.



Informatiounsmappen iwwert de Maart

Dossier d'informations  sur le marché artisanal

Download
Informationsmappe Deutsch
Eenelter Maart Informationsmappe.pdf
Adobe Acrobat Dokument 5.6 MB
Download
Dossier d'informations Français
Eenelter Maart Dossier d'informations.pd
Adobe Acrobat Dokument 5.6 MB


Umellungsformulaire fir d'Aussteller

Formulaire d'inscription pour les exposants


Bei Froe sti mir Iech gären zur Verfügung!

En cas de questions, vous pouvez nous contacter par ce formulaire!

Hinweis: Bitte die mit * gekennzeichneten Felder ausfüllen.


Kontakt bei dringende Froen:

KRAUS Mike:

krausm@pt.lu

691808222


IMPRESSIOUNEN - EENELTER MAART

Eenelter Maart 2017