· 

56 Joer DT Recken - Merci Roger!


Op der Generalversammlung 2019 huet de Roger matgedeelt, dass hien net méi wäert als President vum DTR weiderfueren. Engem Mënsch, deen de Veräin 28 Joer als Keessier an 28 Joer als President gefouert huet, muss een natierlech uerdentlech Merci soen. Dat huet sech och de Comité vum DTR geduecht an huet dem Roger Steichen e Freideg, de 4. Oktober eng Party organiséiert. Ganz ganz vill Leit aus dem Veräi si komm fir dem Roger fir säi jorelaangt Engagement Merci ze soen!



Nieft engem Walking-Dinner gouff dem Roger och e Film gewisen, wou ganz ënnerschiddlech Leit iwwert hien interviewt goufen. Dunn huet de René Devaquet zesumme mam Mike Kraus mat ale Fotoen nach vir e grousse Flashback-Moment beim Roger gesuergt. 

De ganze Veräi seet dem Roger e risege Merci fir säin onermiddlechen Asaz, seng Infrastrukturen an natierlech säi super léiwe Charakter! Mir, als DTR, hoffen, dass de Roger seng Positioun als Éierepresident ka genéissen an den Dëschtennis elo aus enger anerer (a virun allem méi entspaanter) Perspektive ka kucken.


M E R C I    R O G E R    F I R    5 6    J O E R    D T    R E C K E N

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Bob (Freitag, 11 Oktober 2019 12:55)

    All Respekt �