Den 13. September 2026 organiséiert den DT Recken/Miersch fir déi 18. Kéier de Konschthandwierksmaart "Eenelter Maart".
Den Eenelter Maart fënnt am alen Duerfkär vu Recken bei Miersch statt. Vun 10 bis 18.30 Auer fannen d'Visiteuren hei nieft konschthandwierklechen Objeten (Holz, Metall, Steen, Molereien) och Liewensmëttel aus der regionaler Produktioun. Nieft dem Kaf vun originellen a konschtvollen Unikater besteet och d'Méiglechkeet, verschiddenen Handwierker bei der Hierstellung vun hire Konschtwierker iwwer d'Schëller ze kucken.
De schéi restauréierten Duerfkär bitt de passende Kader fir den Eenelter Maart. Aussteller sinn esouwuel op Stänn an de Stroossen, wéi och a Garagen a Scheieren ze fannen. Nieft enger Rei Lëtzebuerger Kënschtler an Handwierker fannen och däitsch, franséisch a belsch Konschthandwierker de Wee an den Zentrum vum Grand-Duché. Sou sinn hei och nei Gesiichter unzetreffen, déi op de Lëtzebuerger Konschthandwierksmäert nach net esou bekannt sinn.
Den Zentrum vu Recken gëtt deen Dag fir de Verkéier gespaart. Am Agang vu Recken sti grouss Parkingen zur Verfügung. Vun hei aus ass een ouni Problem séier ze Fouss um Maart.
Fir Kanneranimatioun, Iessen a Gedrénks ass gesuergt!
Wann Dir Froen oder weider Informatiounen iwwert den Eenelter Maart wëllt hunn, dann huelt hei gäre Kontakt mat eis op.