Wou kann ech parken? Et si genuch Parkplazen do, vir dass jiddereen op den Eenelter Maart kann kommen.

 

Parking : Op der Areler Strooss Richtung Brouch hannert der Kéier, geet et nach virum Radar lénks op e Feldwee eran. Op der rietser Säit sinn genuch Parkplatzen op enger riichter Wiss. Vun do aus, ass een a gutt 5 Minutten ze Fouss um Eenelter Maart.

 

Parking : Wann dir vum Krounebierg aus a Recken erakommt, gesitt dir kuerz virun der Spillplaz och riets e grousse Parking. Och vun do aus sinn et nëmme 5 Minutten ze Fouss bis op den Eenelter Maart.

 

Leit mat enger mobiler Aschränkung kënnen beim Bour zu Recken parken. Dës Parkplazen si gekennzeechent a just fir Leit mat enger mobiler Aschränkung reservéiert.




PARKING - AUSSTELLER

D'Aussteller hunn e separate Parking, wou si hiren Auto direkt nom opriichte kënnen hisetzen an owes och erëm kënne siche goe fir ofzeriichten. Dësen läit direkt beim Maart. Dëse Parking ass exklusiv fir d'Aussteller reservéiert. D'Visiteuren si gebieden déi ausgeschëldert Parkingen ze benotzen.